Musek Concordia Rouspert a.s.b.l.


Mir stellen eis vir :

D’Musek Concordia Rouspert ass eng Asbl (Vereenegung ouni Gewënnzweck) mat ongeféier 50 aktive Memberen vun all Alter, déi Freed drun hunn Musek ze machen.

Eis traditionell Manifestatioune sënn: Theater (Halleffaaschten), Concert "ënner Frënn"(letzten Samsdeg am Abrëll), Museksfest am Sauerpark (2. Weekend am Juli), Hämmelsmarsch zu (Hénkel/Giischterklaus, Rouspert an Dickweiler), Chrëschtconcert (26. Dezember). Desweideren gi mir och auswäerts Concerten Spillen.

Wéi eng Musek spille mir ?

Op eisem Programm stinn ënner anerem Musical, Film-, Pop-, Rockmusik; vu klassisch bis modern hu mir vun allem am Repertoire.

Member ginn

Wann’s Du e Blosinstrument (Holz oder Blech) oder Perkussioun spills, bass Du an eisem Veräin häerzlech wëllkomm.Mir prouwen méindes owes vun 20h15 – 22h00 am Reemerhof zu Rouspert. Fir eise Jugendorchester Noutefrupserten ass d’Prouf méindes vun 19h00 – 19h45. Wann’s Du elo un eisem Veräin interesséiert bass, da mell Dech per Email op:info@musek-rouspert.com.

All Musikant kritt vun der Rousperter Musek gratis en Instrument zur Verfügung gestallt.

 



Wat bidde mir ?

Fir eisen Nowuesstalenter, an deenen déi motivéiert sënn eent ze ginn, sti mir als d'Rousperter Musek Eech mat Rot an Ënnerstëtzung zur Säit.

Kanner a Jugendlecher, di bei eis am Veräin aktiv sënn, kréien en Instrument gratis zur Verfügung gestallt a kënnen eng finanziell Ënnerstëtzung vun 200 EUR fir d’Aschreiwungskäschten an enger Musekschoul oder an engem Conservatoire bei eis ufroen (den entspriechende Formulaire fannt Dir am Downloadberäich).

Heiansdo sinn eis Auswärtsconcerten mat engem Dagesausfluch verbonnen. All 5 Joer mache mir an der Ouschtervakanz eng Auslandsreess.


Eis Geschicht :

Musek Cocncordia Rouspert gouf 1881 vu 6 Männer gegrënnt a war deemools  nieft der Iechternacher Stadmusek déi 2 Musek aus dem Kanton Iechternach. Sie hunn mat 2 Klarinetten, 1 Trompett, 1 Bugle, 1 Es-Horn an engem Baryton ugefaange Musek ze maachen.

 

Während dem 2 Weltkrich gouf Aktivitéit vun der Concordia Rouspert agestallt.

 

Vun Ufank un huet de Veräin den Numm Concordia gehat, mee wat heescht dat iwwerhaapt?

Concordia heescht iwwersat  "Eintracht, Einklang, Harmonie, Einigkeit"


Powered by: