Dirigent

Sam Koob

 

 

Ganz fréi, am Alter vun 3 Joer, fängt dem Sam Koob seng musikalesch Karriär un, déi sech vun Ufank un duerch eng gewesse Bandbreet auszeechend. Am Conservatoire de la Ville de Luxembourg kritt hie Kueren an der Gei, Solfège, Chouergesang, Harmonie, Piano, Trombone, Gesang a Chouerdirektioun. Geiekuere kritt de Musekspedagig beim Anne Groben an Darko Kodzas, Chouergesang mecht hien an de Pueri Cantores ennert der Leedung vum Pierre Nimax Junior an ander Chorale enfantine ennert der Leedung vum Sylvie Serra-Jacobs. Dem Sam säi Pionosprofesser ass d’Beatrice Rauchs an Trombone léiert hie beim Marc Meyers mam Diplôme du Premier Prix als Ofschloss. Gesangskuere kritt hien beim Georges Backes a Chouerdirektioun beleet de Sam beim Pierre Nimax Junior, Solfège an Harmonie beim Romain Becker.

Nodeems de Sam Koob seng Première am Stater Kolléisch op der Musekssektioun F gepackt huet, fängt hie nun fir d’Museksschoul vun der U.G.D.A. ze schaffen, Zu senge Fächer gehéieren enner aanerem Initiation á la musique, Solfège a Cours de Chant Choral pour enfants. Während där Zäit studéiert de Musekspedagog Lehramt Musik an Sekundar- und Gesamtschulen un der Hochschule für Musik und Tanz Köln, mat den Haaptfächer Trombone, Gesang, Orchesterdirektioun an Arrangement. Zousätzlech zu der Ausbildung an der allgemenger an der Musekspedagogie, kritt hien zu Köln och fundéiert Kenntnisser an de Berächer Museksgeschicht, Fuge, Kontrapunkt, Solfège, Harmonie a villes méi.

Am Joer 2008, nach während dem Studium a senger Tätegkeet bei der Museksschoul vun der Union Grand-Duc Adolphe fängt de Sam Koob un als Chargé de Cours a verschiddene Letzebuerger Lycéen ze schaffen. No sengem Stage pédagogique, gett de Sam 2014 Museksprofesser zu Wooltz. No 8 Joer wiesselt de Musekspedagog 2022 an de Stater Lycée Michel Lucius.

A senger musikalescher Karriär, ass de Sam Koob als Solist, Tromboniet, Chouersänger a Chouer- an Orchesterdirigent an ennerschiddleche Sted uechter Europa, awer och a Japan, Südkorea an an den U.S.A. am Asaatz. Hien ass momentan net nemmen Dirigent vun der „Musek concordia Rouspert“, mee och vum „Lucius Orchestra and Friends“, ausserdem ass de Musekspedagog aktive Member an der „Bech-Berbuerger Musek“ an an de „Bartrenger Bléiser“.

 

Niewent desen Aktivitéiten huet de Sam sech och an der leschter Zäit zu engem Arrangement vun de Stecker vun der Letzebuerger Kultband Cool Feet hiräisse gelooss, a seng éischt grouss Orchesterkompositioun Pandemica 2020 bei der U.G.D.A. pubilzéiert.


Sous-Chef

Michelle van Dijk

Romain Osweiler